CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

Matcher H1

alles waat et sou iwert d'Matcher vun der éischter Hären-Équipe z'erzielen gëtt ...

1. Spilldag: V80 Pétange - CHEV Diekirch

"Paukenschlag" um éischten Spilldag

Um éischten Spilldag vun der Hinronn vum Championnat kruut den CHEV Dikkrech et direkt mam amtéirenden Champion, dem V80 Péiténg ze din. Am Firausser as an den Medien eng interessant Partie ugekënnegt gin. Interessant an firun allem spannend sollt et dann och zu Rodange gin.

Déterminéiert an sech hieren Stärkten bewosst, as den CHEV an dës Partie gangen. Dikkrech haat näicht ze verléieren, den Drock war op Péiténger Säit an sou hun sie sech suwuel um, wéi och nieft dem Terrain och présentéiert. Fréi am éischten Satz war den Spiller an den Supporter op der Tribün bewosst datt dëst en héichkarätegen an spannenden Match géif gin.

Suwuel Péiténg wéi och Dikkrech hun op quasi dem selwechten Niveau gespillt an hun flott Punkten konnten erausspillen, sou datt bei engem enken Score vun 27-25 fir d’éischten Kéier d’Säiten gewiesselt goufen.

Weiterlesen: 1. Spilldag: V80 Pétange - CHEV Diekirch

logo osch logo axa   logo mayer logo diekirch