Match Preview VC Strassen - CHEV Diekirch
Schwéieren Match géint Coupe-Gewënner / Feelen och nach Monschauer an Kurowski?
No zwee schlechten Matcher, géint Péiteng an am Nodroosmatch géint Esch, wëll den CHEV sëch zréckkaafen. Um 2. Spilldag vun der Réckronn wäert dëst allerdéngs net alt ze einfach ginn. De CHEV reest nämlech op Stroossen, bei den Tabellenzweeten. Dësen huet réicht eemol dës Saison missen Punkten hänke loossen an steet domadder well mat engem Been am Play-Off. Net aleng dëse Fait mee och déi individuell Klass mëcht den VC Stroossen zum grousse Favorit fir den Champions-Titel.
De Spiller-Trainer Gunnar MONSCHAUER, dem säin Asatz en Samsten nach onsëcher ass, huet grousse Respekt virun Stroossen, ass trotzdem optimistesch: “ Strassen hat seit Jahren eine Vormachtstellung in Luxemburg! Vor der Arbeit des Klubs sowie vor der von Trainer Jenne habe ich größten Respekt! Wir werden versuchen mutig zu spielen und unsere Chance suchen… wir hatten 2 schlechte Spiele und wollen uns mit einem guten Spiel rehabilitieren und wieder zurück zur alten Stärke finden.“



