Showdown !

alles waat et sou Interessantes iwert d'éischt Hären-Équipe z'erzielen gëtt ...

Dëse Samsdeg, den 16. Mäerz ass esou wäit:
Eis Hären stinn um 20h zu Stroossen virun engem historeschen Ament fir eise Klub!
Deen 1. Titel an der 44jähreger Bestehungsgeschicht vum CHEV Diekirch réckt nach ee Krack méi no, no der formidabler Victoire vun läschtem Samsdeg virun 250 begeeschterten Supporteren.
Fir dat mir dee leschten Schrack och nach könne zesumme man, hofft de Comité dat erëm vill vun eisen Mêmberen a Supporteren och den nächsten Samsdeg zu Stroossen mat dobäi sinn fir deen greifbar noen Titel 'vlait schon e Samsdeg gebührend ze feieren. Wéi ëmmer sinn eis Farwen blogiel. All Klibber, Kachdoeppen, Instrument ass wellkomm:-).
Participation aux frais fir d'Navette 5 EUR mat engem Maximum vun 10 EUR pro Famill bäi méi wéi 2 "Mitfahrer". Et sinn ongeféier 50 Platzen disponibel. Die éischt sinn wéi ëmmer vir.
Réservatioun bis den Freiden 15.03.2013 per mail un backmart(at)pt.lu
Allez CHEV !!!
Fir de Comité, Patrick Wagner

De Week-end vum 01.-03. Februar 2013 ass esou wäit. Den 1. absoluten Héichpunkt vun der Saison !
Eis 1. Hären-Equipe spillen:
Déi Stroossener Equipe gëllt nieft eiser Equipe als di stäerkst am Championnat. Eis Hären konnten se allerdings 2x in extremis am Championnat bis elo klappen. Dat gëtt also een richtegen Volleyballleckerbissen.
De Comité hofft a mëcht een Opruf dat esou vill wéi méiglech vun eisen Mêmberen a Supporteren deen Owend do sinn fir eis Equipe mat vill "Remmi Demmi " moralesch ze ënnerstëtzen, fir dat mer sie deen Dag duerno och an der Coupe-Final ufeieren kënnen, an esou v'läit deen 1. Titel an eiser 44 jähreger Bestehungsgeschicht feieren kënnen.
Eis Farwen sinn blo-giel. All Klibber, Kachdëppen, Instrument ass wellkomm:-).
Eis Jongen wieren och besonnesch frouh a stolz eisem Nowuess (Minimes, Scolaires) ze weisen wat sie 'sou drop hunn. Eis Youngsteren a "potentiell Vedetten" vu muer sinn also och häerzlech invitéiert mat hiren Elteren.
De Club organiséiert zu dem Ulooss eng Navette (départ Diekrich, Ettelbruck a Miersch), déi allerdings nëmmen firt wann sech wéinstens min. 30 Leit umellen.
Präis vun der Navette 5 Eur mat engem Maximum vun 10 EUR pro Famill bäi méi wéi 2 "Mitfahrer".
Réservatioun virum 25.01.2013 per mail un backmart(ät)pt.lu.
Die genee Auerzäiten ginn iech nach matgedeelt esou bal mer wëssen dat mer genug Läit hun déi wëlle matfueren.
Also direkt umellen (mat Numm a Virnumm w.e.g). Die éischt sinn vir :-).
Allez CHEV !!!
Fir de Comité,
Patrick Wagner
de genauen Spillplang vun der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg ass:
| Hallef-Final Hären (Hall Omnisports Rodange) | ||||
| Freideg, 01. Februar 2013 um 18:30 / VC Strassen - CHEV DIEKIRCH | ||||
| Freideg, 01. Februar 2013 um 20:30 / V80 Pétange - VC Fentange | ||||
| Finales | ||||
| Samsdeg, 02. Februar 2013 um 18:30 / Final Dammen | ||||
| Samsdeg, 02. Februar 2013 um 20:30 / Final Hären | ||||
| Finales des Jeunes | ||||
| Sonndeg, 03. Februar 2013 um 20:00 / CHEV DIEKIRCH - VC Strassen (Juniors) | ||||
Gleich 2 Spiele der 1. Herrenmannschaft mussten verlegt und neu angesetzt werden, die Gründe hierfür waren Schneechaos und Schiedsrichtermangel. Die beiden Begegnungen werden nun an folgende Terminen ausgetragen:
| COUPE DE LUXEMBOURG (1/4-Finale) | ||||
| Mittwoch, 02. Febr. 2011 / V80 Pétange - CHEV 20:30 | ||||
| CHAMPIONNAT DNH | ||||
| Freitag, 04. Febr. 2011 / VC Strassen - CHEV 20:30 | ||||
Endlech sinn déi nei Tricko'en vun der 1. Härenéquipp do. Ab lo gëtt just nach an den Club-Farwen blo & giel gespillt. Een grousse MERCI un all ons Sponsoren.

Mit einem 4. Platz kehrten die Diekircher Volleyballer am Sonntag, vom Inter-nationalen Sparkassen Cup in Quierschied (Saarland) zurück.
Im ersten Spiel des Turniers schlugen sie nach einer duchwachsener Leistung den Regionaligisten von Schwarzenholz/Griesborn mit 2:1 Sätzen.
In einer sehr ausgeglichen Gruppe gelang es dann dem CHEV die kämperisch stärkste Truppe des Tunieres den Schweizer 2. Ligisten Einsiedeln, nach Abwehr von zwei Matchbällen 2:1 zu besiegen.