CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

NEWS

alles waat et sou iwert de Club Neies ze erzielen gëtt ...

2. Spilldag / Hären 2

CHEV2 - VB Echternach 3-1 (23-25/25-21/28-26/25-20)

Nodeems eis 1. Equipe den VC Lorentzweiler mat engem 3-0 erem heemgeschéckt huet, wor et dunn un eiser 2. Equipe fir ze weisen dat si och géint déi méi stark Equipe aus Iechternach kënne bestoen.

Nodeems eis Jongen relativ onkonzentréiert an de Match goungen (et wossten erëm verschidden Leit net wou se géife stoen) sinn mer séier esou wäit hanne komm dat et net méi méiglech wor deen Satz ze retten, deen zwar denkbar knapp, mee trotzdem verdingt verluer gangen ass. (23-25)

Weiterlesen: 2. Spilldag / Hären 2

Saisonoptakt Hären 2

Amber Lënster - CHEV2  1:3 (7-25/25-18/20-25/19-25)

Mat 100 à l'heure sinn eis Hären 2 an déi nei Saison gestart. Nodeem sie nach 3-0 am 1. Satz hanne woren, hunn sie dunn richteg opgedréint an die Amber Equipe a Grond a Buedem gespillt. Een Block nôm aneren, et huet nëmmen esou "Socketten" gereent. Esou stoung et relativ séier 25-7.
Obwuel hiire Coach se gewarnt huet dat et no engem liichten 1. Satz oft duerno méi schwéier wier, huet eis Equipe sech dat net richteg zu Herz geholl.  D'Amber Equipe hat hir Taktik bësschen ëmgestallt an anstatt ze smashen, hunn si et éischter mat Finten probéiert. Well eis Jongen net konsequent an der Défense agéiert hunn ass dunn die spillerisch Linn aus dem 1. Satz total verluer gangen. Chaos a vill Gespréich um Terrain, liicht Feeler, schlecht Relancen...

Weiterlesen: Saisonoptakt Hären 2

Saisonoptakt Dammen 2

Esch 2 – Dikkrech 2   3-1   (25-22, 20-25, 25-22, 25-18)

Liicht ersatzgeschwächt ass eis 2. Equipe Dammen op hieren 1. Match vum Championnat op Esch gefuer an hiren ganz neien Uniformen. Eise Kapitän Kirsten Hoejmakers wor leider vun enger Grippe ausser Gefecht gesat, an eis Jugendnationalspillerinnen Rebekka Klerf, Laura Laera an Yascha Wagner woren mat der Nationalequipe ënnerwee op een Tournoi zu Hülsweiler an Daitschland.

Trotzdem sinn mir optimistesch un die Saach eru gangen mat  Lorang, Van de Berg, Van Zelst, Unsen, D’Amore, Wagner um Terrain an Ferron op der Ersatzbänk. Et sollt een allerdings séier mierken dat mir net eisen beschten Daach erwescht haaten a mat villen einfachen Feeler den Escher Meedercher d’Liewen zimlech liicht gemach hunn. An enger insgesamt dach serréierter Partie wor die spillentscheedend Situatioun wuel dee Moment wou mir bei 22-22 am 3. Satz eisen Service knapp an d’Netz gesat hunn, während die Escher bei hirem Opschlag een onerreechbaren Netzroller konnten verbuchen. Mir verléieren deen 3. Satz dorops hinn mat 25-22.

Weiterlesen: Saisonoptakt Dammen 2

Saisonvorbereitung

Schönes Wochenende für Diekircher Volleyballer

Mit einem 4. Platz kehrten die Diekircher Volleyballer am Sonntag,  vom Inter-nationalen Sparkassen Cup in Quierschied (Saarland) zurück.

Im ersten Spiel des Turniers schlugen sie nach einer duchwachsener Leistung den Regionaligisten von Schwarzenholz/Griesborn mit 2:1 Sätzen.

In einer sehr ausgeglichen Gruppe gelang es dann dem CHEV die kämperisch stärkste Truppe des Tunieres den Schweizer 2. Ligisten  Einsiedeln, nach Abwehr von zwei Matchbällen 2:1 zu besiegen.

Weiterlesen: Saisonvorbereitung

logo osch logo axa   logo mayer logo diekirch