CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

NEWS

alles waat et sou iwert de Club Neies ze erzielen gëtt ...

ING-Nordstad Beach 2010

Video by Pierre WEYLAND (Ciné-Caméra Diekirch)

Dëst ass een flotten Video vum Pierre WEYLAND iwert den Beach-Völkerball (18. Juli) an Beach-Volleyball (24. Juli).

Weider Informatiounen & Video'en iwert d'Festivitéiten am Kader vun den 750 Joer Stad Dikrech fënns du op www.750.lu.

1/8 Final Coupe de Luxembourg

Dikrech géint Stengefort an Strossen

D' Matcher vun der 1/8 Final ginn de Week-end 23/24 Oktober 2010 gespillt.

An der Achtelsfinal vun der Coupe, spillt Dikrech géint den VC Stengefort. Dës Equipe spillt an der zweeter Divisioun an kritt all Saatz 5 Punkte Virsprong... Chancen stinn also net schlecht fir sech fir Véirelsfinal ze qualifizéieren.

VC Steinfort (D2)(+5) - CHEV Diekirch (DN)

VB Echternach (D1)(+4) - Volley Bartréng (DN)
VB Amber-Lënster (D1) - VC Standart Wiltz (D1)
Escher VBC (DN) - VC Fentange (DN)
VC Lorentzweiler (DN) - VC Strassen (DN)

Fräilous: RSR Walfer /  VC Bonnevoie / V80 Pétange

Och bei den Dammen stinn d'Chancen net schlecht fir mat enger Victoire weider fir Coupe ze spillen! Sie treffen op Dammen vum VC Strossen déi an der selwechter Divisioun spillen... 

CHEV Diekirch (D1) - VC Strassen (D1)

V80 Pétange (DN) - VC Mamer (DN)
VB Echternach (DN) - VB Amber-Lënster (DN)
VC Lorentzweiler (D2) (+5) - Volley Bartréng (DN)
Escher VBC (D1) - VC Fentange (D1)
CS GYM Volley (DN) - VC Steinfort (DN)

Fräislous: RSR Walfer / VC Beckerich

PHOTOS ONLINE

ING Nordstad Beach 2010

Nôm grousse Succès vum ING Nordstad Beach 2010 soen mir allen deenen déi matgehollef / matgespillt hunn villmols MERCI.
Ween net dobäi war, huet secher eppes verpasst ... waat daat gesäitt een an onser Photogalerie.
(Photos by Marc GOEDERT - Merci ;-)

Transferts

No 2 respektiv 1 Joer beim CHEV, verloossen eis den Andy KOENIG an den Dan REIFFERS die nächste Saison.

Mir soen hinne MERCI fir hirt sportlecht Engagement um an niewt dem Terrain a wënschen hinnen bonne Chance an hiiren neie Veräiner.

De Comité vum CHEV DIEKIRCH.

logo osch logo axa   logo mayer logo diekirch