Edgar Klasen
![]() |
Willkommen Edgar,
|
|
![]() |
![]() |
|
alles waat et sou iwert de Club Neies ze erzielen gëtt ...
![]() |
Willkommen Edgar,
|
|
![]() |
![]() |
|
De läschten Weekend hunn sech d'Volleyballer vun Dikrech zesummen fonnt fir hiren Halleffinal-Match géint Stroossen virzebreeden. Vun Freides bis Sonndes war den Programm mat Traininger, Muskulation an engem Match gefëllt.
Freides owes hunn d'Jongen vum Spillertrainer Gunnar Monschauer sech op Rodange deplacéiert fir do een Frëndschaftsmatch ze spillen géint Péiteng. Géint eng deziméiert Péitenger Equipp haaten déi Dikrecher Spiller keng gréisser Schwieregkeeten an konnten déi 4 gepillten Sätz kloer gewannen.
Samsdes moies ass et dunn direkt weidergaang mat Fitness an Balltraining. Samsdes owes gouf et dunn nach een weideren Balltraining an der Haal zu Dikrech.
De Programm vun Sonndes goung genau sou fréi lass. Sonndes Mëttes géint 3 Auer war den unstrengenden mee mat Secherheet och sënnvollen Trainingslager 'riwer.
De Mettwoch ass dann nach een weideren Match virgesinn wou déi Dikrecher Boufen sech beweisen kënnen.
Nach puer Deeg dann ass et souwäit an Dikrech trëfft auswärts op Stroossen. Ee spannenden an kämpfereschen Match ass garantéiert.
RdV: Samsdeg 20. Mäerz / 20:30 VCS-CHEV

No enger souveräiner Victoire géint den VC Lorentzweiler um 14. Spilldag steet lo endgülteg fest datt d'Härenéquipp vun Dikrech mat vun der Partie ass bäi den FINAL FOUR. Duerch eng konzentréiert an konséquent Spillweis huet d'Equipp gewisen, datt si onbedéngt an d'Play-offs kommen wollt, an ënnerstrach daat no 2 schlechten Matcher alles drun gesaat gëtt fir dës Saison mat dem beschtméiglechen Resultat oofzeschléissen. Géigner an der Hallef-Final vum Championnat heescht VC Stroossen. Den éischte Match gëtt Samschdes den 20. Mäerz zu Stroossen gespillt. (weider Détailler kommen no...)
14. Spilldag: CHEV - VC Lorentzweiler 3:0 (25:13 / 25:16 / 25:19)