CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

NEWS

alles waat et sou iwert de Club Neies ze erzielen gëtt ...

Wanterpaus

Elo sin mer an der Wanterpaus an et leeft net vill!

Verschiddener vun eis spillen Nationalkader an mer wënschen all Spiller déi do betraff sin vill Erfolleg um Novotelcup!

Sie sollen eis Land tapfer vertrieden an och eise Club.

Jungs gidd aert Bescht géint déi Equipen an maacht eis Land stolz.

Matcher dei eis Jongen mussen bewältegen sin dei hei:

Freides 8.1.2010 : Luxemburg - Österreich

Samstes 9.1.2010 : Luxemburg - Schottland

Sondes 10.1.2010 : Luxemburg - Lettland

Coupe 1/2 Final

Lousfee huet dem CHEV-Dikrech een schweiert awer net onmeiglegt Lous gezun. Den Mettwoch metten ass Nooricht kommt dat Dikrech den Weekend vum 23/24 Januar auswärts geint Strossen spillt. An deenen läschten Joer gouf et nach nie eng Victoire geint des staark Equipe. Läschten Weekend wor et knapp an 2010 kann een just hoffen dat et nach besser gett. Den Wee fir no 2008 nach eemol an Final ze kommen gett net einfach. Deen anner Match bei den Hären ass:

RSR Walfer - V80 Petange

an bei den Damen sin et folgend 2 Affichen:

V80 Pétange - Volley Bartréng

VC Fentange (D2) (+5) - VC Mamer (DN)

Match Preview VC Strassen - CHEV Diekirch

Schwéieren Match géint Coupe-Gewënner / Feelen och nach Monschauer an Kurowski?

No zwee schlechten Matcher, géint Péiteng an am Nodroosmatch géint Esch, wëll den CHEV sëch zréckkaafen. Um 2. Spilldag vun der Réckronn wäert dëst allerdéngs net alt ze einfach ginn. De CHEV reest nämlech op Stroossen, bei den Tabellenzweeten. Dësen huet réicht eemol dës Saison missen Punkten hänke loossen an steet domadder well mat engem Been am Play-Off. Net aleng dëse Fait mee och déi individuell Klass mëcht den VC Stroossen zum grousse Favorit fir den Champions-Titel.

De Spiller-Trainer Gunnar MONSCHAUER, dem säin Asatz en Samsten nach onsëcher ass, huet grousse Respekt virun Stroossen, ass trotzdem optimistesch: “ Strassen hat seit Jahren eine Vormachtstellung in Luxemburg! Vor der Arbeit des Klubs sowie vor der von Trainer Jenne habe ich größten Respekt! Wir werden versuchen mutig zu spielen und unsere Chance suchen… wir hatten 2 schlechte Spiele und wollen uns mit einem guten Spiel rehabilitieren und wieder zurück zur alten Stärke finden.“

Weiterlesen: Match Preview VC Strassen - CHEV Diekirch

8. Spilldag: CHEV - V80P

éischte Match vun der Réckronn

een Film seet méi wéi 1000 Wierder ...
dofir hei de Weblink zum Bericht vum Match CHEV Dikrech - V80 Pétange op www.simba.lu

8. Spilldag (28. November 2009)
Resultat : CHEV-V80 Pétange 1:3 (21:25/27:25/20:25/17:25)
Video: simbapro.com / Anne Hasdorf & Bob Schommer

logo osch logo axa   logo mayer logo diekirch