CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

NEWS

alles waat et sou iwert de Club Neies ze erzielen gëtt ...

2 Victoiren an een Comeback bei den Hären

Als Favorite goungen d'Volleyballer vun Dikrech an d´Partie géint Walfer an Luerentzweiler. Zweemol konnt de CHEV Dikrech iwerzeegen.

6. Spilldag

Geint Walfer wor et schnell kloer dat de CHEV spilleresch méi Méiglechkeeten haat wéi déi jonk Equipp vu Walfer, ungefeiert vun hierem Passeur Gilles BRAAS. Kloer an dräi Sätz goungen d'Punkten op den Dikrecher Konto. Erauszehiewen bleiwt dat den ganzen Kader Spillzäit kruut. An ab dem zweeten Satz vum jonke Passeur Max MAJERUS geleet goufen. Hien konnt seng Matspiller gudd an Szeen setzen an konnt wéi all dei anner och, wichteg Erfahrung sammelen, fir déi nächst Matcher.

RSR WALFER - CHEV 0:3 (15:25 / 15:25 / 22:25)

7. Spilldag

Zu Walfer soutz de Florent OBDEIJN nach op der Tribün, eng Woch méi spéit sollt hien no 9 Méint Paus nees eemol den Trikot fir de CHEV undoen an huet seng Première als Libero ginn. Starting 6 mat MONSCHAUER, LAEVAERT, KÖNIG, ANGELSBERG, HOFFMANN an KUROWSKI haaten am Ufank vun den Sätz hier Probleemer, konnten allerdéngs ëmmer am zweeten Deel vun de Sätz den Ennerscheed machen an spillen och hei eng sëcher Victoire raus, géint eng tapfer Equipp aus Luerentzweiler.

Een weideren Schrett ass gemach Richtung Play-Off.

VC LORENTZWEILER - CHEV 0:3 (20:25 / 17:25 / 22:25)

Een spannenden Match ass fir d´Reckronn geplangt den 28. November zu Dikrech um 20h00, wou ais éischt Equipp géint den V80 Péiteng spillt. (Hinnronn 3-2 gewonnen). Hei spillt den véierten geint den fënneften. Fir gudden Volleyball ass also gesuergt.

5. Spilldag: CHEV Damen schaffen Überraschung

Den Opsteiger aus Diekirch iwwerzeegt géint Amber-Lënster!

No engem 2:0 Réckstand hunn si et awer nach gepackt dëse Match zu hieren Gonschten ze entscheeden. Virun allem déi zwou Mëttelblockerinnen Eve Hulsboch an Magali Geisbusch agéieren gudd an deenen Sätz duerno. De Match huet sech dunn spektakulär gedréit fir eis Damen!

Amber-Lënster huet sech missten hierem Schicksal fügen an huet am 5. Satz wéinst der Verletzung vun der Spillerin Deborah Oesch bei engem Stand vun 10:5 missten opginn.

Gratulatioun un eis Dammen vir hieren éischten Erfolleg an der Nationaldivisioun!

CHEV - Volleyball Amber-Lënster  3:2 (21:25 / 10:25 / 25:23 / 25:19 / 15:5)
 

3. Spilldag: CHEV Diekirch - VC Fentange

Dikkrech verléiert géint Vize-Champion

No enger zwouwöcheger Paus huet den CHEV Dikkrech doheem géint den VC Fenténg gespillt. De CHEV haat sëch vill virgeholl, konnt awer net wirklech alles ëmsetzen.

De Resumé vum Match as séier gemach. Ennert dem Impuls vun Kudlaczewski an Sabchev konnt Fenténg de ganze Match iwwer Dikkrech op Distanz haalen.

Den Dikkrecher Passeur Monschauer konnt nëmmen ze seelen séng Attaquant’en Kurowski, Laevaert an Koenig gekonnt asetzen. Eng schwach Receptioun, eng schwach Quot an der Attack an wirkungslos Servicer hun zu enger däitlecher 0-3 Néierlag gefouert. Eenzegen klengen Liichtbléck war de Block, mat deem di eng oder aaner Kéier konnt gepunkt gin.

CHEV Diekirch - VC Fentange: 0-3 (17-25, 21-25, 22-25)

Opstellung: Laevaert, Koenig, Kurowski, Monschauer (Wagner), Angelsberg, Hoffmann (Reiffers).

Libero: Augustin.

Auswiesselspiller: Jungers, Weber, Gilberts.

Doppelspieltag für den CHEV

Nach zwei spielfreien Wochenden greifen die Herren von Diekirch wieder ins Geschehen der Nationaldivision ein.
Dort erwarten sie am Freitag, den 23.10.2009 um 20.30 Uhr den luxenburgischen Vizemeister VC Fentage und reisen dann, am Sonntag den 25.10.2009 nach Bartringen, dort ist Spielbeginn um 18.30 Uhr.

„Richtungsweisend werden diese zwei Begegnungen für den  CHEV aus Diekirch sein“, so der Trainer Gunnar Monschauer. „Wir haben die Zeit nach der Niederlage genutzt und analysiert warum wir dem VC Strassen so deutlich unterlegen waren und haben daran gearbeitet."

Weiterlesen: Doppelspieltag für den CHEV

logo osch logo axa   logo mayer logo diekirch