3t Final fir eis Dammen
An enger spannender 2ter Final hunn eis Dammen sech doheem géint de Favorit aus Mamer duerchgesat an domat eng 3t Final erzwong.
Kommt an ënnerstëtzt si bei dëser läschter Final!

alles waat et sou iwert de Club Neies ze erzielen gëtt ...
An enger spannender 2ter Final hunn eis Dammen sech doheem géint de Favorit aus Mamer duerchgesat an domat eng 3t Final erzwong.
Kommt an ënnerstëtzt si bei dëser läschter Final!


No zwou Victoiren géint den RSR Walfer an der Hallef-Final vun der Novotel Ligue steet ons éischt Dammen-Ekipp fir d'éischt Kéier an der Veräinsgeschicht an enger Final.
Kommt an ënnerstëtzt eis Dammen bei hire Matcher:
De 9. Abrëll um 19.00 Auer zu Mamer
Den 16. Abrëll um 18.00 Auer zu Dikrech

HU-GO! WE-GO!
d'Hären spillen
De Comité hofft a mëcht een Opruf dat esou vill wéi méiglech vun eisen Mêmberen a Supporteren deen Owend do sinn fir eis Equipe mat vill "Remmi Demmi " moralesch ze ënnerstëtzen.
Eis Farwen sinn blo-giel. All Klibber, Kachdëppen, Instrument ass wellkomm:-).
Allez CHEV !!!
de genauen Spillplang vun der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg ass:
| Hallef-Final Hären (Hall Omnisports Belair) | ||||
| Freideg, 19. Februar 2016 um 18:30 / VC Fentange - CHEV DIEKIRCH | ||||
| Freideg, 19. Februar 2016 um 20:30 / VC Strassen - RSR Walfer | ||||
| Finales | ||||
| Samsdeg, 20. Februar 2016 um 17:00 / Final Dammen | ||||
| Samsdeg, 20. Februar 2016 um 19:30 / Final Hären | ||||

Um Samsdeg 26. September ass den Optakt vun der neier Volleyball-Saison (NOVOTEL LIGUE). Lass geet et direkt mat zwee Heem-Matcher fir ons 1. Dammen- an 1.Hären-Equipe.
Hei den kompletten 1. Spilldag vun allen Senior-CHEV-Equippen :
| NOVOTEL LIGUE (26. SEPT. 2015) |
| Dammen-Match um 18:00 / CHEV DIEKIRCH - VC Strassen |
| Hären-Match um 20:30 / CHEV DIEKIRCH - VC Strassen |
| 1. DIVISIOUN (26. SEPT. 2015) |
| Dammen-Match um 16:00 / RSR Walfer 2 - CHEV DIEKIRCH 2 |
| Hären-Match um 15:00 / VC Fentange 2 - CHEV DIEKIRCH 2 |
De komplette Programm vun der Saison 2015/2016 vun allen CHEV-Equippen ass wéi gewinnt ze fannen ënnert dem Link >INFOS >PROGRAMM MATCHER CHEV (als PDF Dokument)